SERVICE

 

Méi Numm ass Lukas Grün, ech restauréieren, reparéieren an fleegen Holz-, GFK- an och Plastik-Booter an menger Fräizäit. Wann dir Hëllef bei eppes un ärem Boot braucht, zeckt net mech dono ze froen.

Vun klenge Lackausbesserungen, iwwer Konzeptioun, Bestellung a Montage vu neie Beschléi souwei engem neien Holzdeck, op Moss gespleißte Seeler oder Reparature vun Téitschen a Schréipsen kann ech alles maachen.

Meng 2 Holzbooter, den Paperjet14 “Meraki” an d’Segelkanu “Waterlust” hunn ech scho komplett selwer gebaut an hunn e Fireball aus dem Club, den eng Kéier “u Land gekentert” war, rëm a Stand gesat. Weider kleng Projete waren z.B. d’Ausbessere vun Téitschen an engem ale Surfbriet an d’Spleiße vu Endlos-Trimmleinen op enger Finn.

Wann dir e Projet hutt an Hëllef dobäi braucht oder ee sicht, den äre Bootsprojet komplett mécht, kontaktéiert mech gären per Uruff oder SMS. 

Ech hu mäin privaten klengen Atelier a menger Garage zu Cruchten (bei Miersch), wou äert Boot fir gréisser Saachen hi misst. Fir Klengegkeete wär ech awer och Bereet bis bei Iech oder op Léifreg an de Club schaffen ze kommen.

Ech maachen dat ganzt privat niewebäi als Hobby. Preis an Zäit, déi fir Projeten gebraucht géing ginn, géing ech ëmmer individuell beschwätzen. Fir Froen stinn ech ëmmer Bereet.

Tél.: 00352 621 178 813

Mail: lukas17gruen@gmail.com

Mat beschte Gréiss,

Lukas