De 14./15. Mee 2022 haten d’Optimisten hiren Optakt vun der Saison. Bei summerlechen Temperaturen an enger agreabler Lëftchen hu mer de Stau vu Lëlz bis bei d’Fuussefeld ofgeklappert an dobäi keng Boje ausgelooss.

Déi gutt Wiederconditiounen hu vill Seegler op de Stau gelackelt, sou dass zäiteweis iwwer 20 Booter um Waasser waren. Et war also zu kengem Moment langweileg.

Fir deen theoreeteschen Deel hu mer eis fir eng méi interaktiv Approche decidéiert: eist geschätzt Whiteboard gouf duerch en OPTI op Rieder a Molkräid um Parking ersat. Fir d’Deeler vum Boot besser kennen ze léieren, gouf den OPTI vun eise Schüler mat Ziedelcher vollgepëscht 🙂

Op jiddwer Fall hate mer ee flotte Weekend, mat virun allem vill Spaass an engem motivéierte Grupp.

Den nächste Cours vun den Optimisten ass den 11. + 12. Juni 2022. Et sinn nach Plaze fräi 😉

Kyra an Tim

Weider Infos: kyrabenecke@gmail.com

2 Comments

  • by Tatiana Majerus
    Posted
    17/05/2022 12:06 0Likes

    Merci, Kyra an Tim, fir äre super Asaz! D’Anastasia war mega frou derbäi ze sinn.🤗❤️

  • by Silja
    Posted
    17/05/2022 23:25 0Likes

    Super Fotoen!!

Add Your Comment