Mat e bëssi Verspéidung wëlle mir de Weekend vum 2. an 3. Juli 2022 Revue passéiere loossen. Mat 11 Optimisten hu mir eis gefreet, eng Rekordunzuel u Participanten um Stauséi ze begréissen. Wéi di lescht Weekender och schonn, hu mir nëmmen dat bescht Wieder gebucht an goufe sonndes mat enger gudder Lëftche belount. Eis Unfänger hu samschdes alles ginn an sonndes staark Resultater an der Regatte erbruecht. Ganz stolz blécke mir zeréck op ee coole Weekend an op eng super motivéiert Ekipp.

D’Waarden huet sech gelount, well mir hunn eng kleng Iwwerraschung matbruecht, nämlech ee flotte Video fir di 2 Deeg a gudder Erënnerung ze halen. Klickt einfach op dëse Link: https://www.youtube.com/watch?v=VnKncFa2-8Q

E grousse Merci un eise Kameramann Joe, un d’Base Nautique Lultzhausen an u jiddereen, deen eng Hand mat ugepaakt huet.

Nächste Rendez-vous: 17. an 18. September 2022

Kyra an Tim

(kyrabenecke@gmail.com / timfelber2000@gmail.com)

PS: De Video ass net gelëscht, dat heescht, e kann nëmme mam Link fonnt ginn.

Add Your Comment