Och um Päischtsamschdeg huet d’Wieder eis net am Stach gelooss. Bei optimale Seegelkonditioune fir di Jonk, goufen d’Booter dann och direkt opgebaut a lass gong et! Bei enger gudder Lëftchen hunn di 12 Kanner sech genial geschloën. Mëttes hu si dann d’Seegel kräfteg ugezunn a si souguer e puer Meter de Stau eropgekräizt fir duerno am Rëckewand nees zréck ze flitzen.

MERCI fir jiddereen deen eng Hand mat ugepaakt huet, un d’Base Nautique Lultzhausen an de Cercle Nautique Lëlz.

Add Your Comment