Léif Frënn
Am fréie Samschdeg Muere krute mir déi traureg Gewëssheet, dass de John Schummer un de Follge vu senger schwéierer Krankheet gestuerwen ass.

De John ass zesumme mat senger Fra, dem Christiane, am Yacht Club zu engem Moment Member ginn, wou hir zwee Kanner, d’Anne an de Pit, den Alter hate fir un hiren éischte Seegelcoursen um Optimist Deel ze huelen. De John, deen ni Schwieregkeeten hat, fir an enger Gesellschaft Kontakt ze kréien, hat sech schnell agelieft am YCL. Als Sportsmann (hien huet laang Joren Handball gespillt) huet hien sech et net huele gelooss, och d’Konscht vum Seegelen ze léieren. An ech gi souguer esou wäit ze behaapten, dass hien och do e gewëssent Talent entwéckelt hätt, wann…. jo wann hien net esou grouss gewiescht wier. War hien elo 2 Meter grouss oder knapp dorënner, ech weess et net genau. Fest steet awer, dass op eise Jollen, op deene mir um Stau ënnerwee sinn, net ganz vill Plaz ass, wann dann de Bam vun enger Säit op déi aner wiesselt…
Kuerz: de John huet mat Bravour gekämpft a sech och d’Basiswëssen ugëeegent fir mat esou engem Boot ëmzegoen- an hien huet sech esouguer eng Caravelle zougeluecht.
Trotz all guddem Wëllen: de John war sech bewosst, dass dat Seegelen kaum eng Kéier säi Favorittesport géif ginn. War doduerch seng Carrière am YCL schonn eriwwer, ier se richteg ugefaangen hat?
Falsch geduecht! Hie gouf Member am Comité vum YCL!
Mat vollem Asaz huet hie bei Allem, wat op der Base ugefall ass, eng Hand mat ugepaakt: Booter an- oder ausraumen, opriichten oder ofrappen, d’Gebai opraumen oder e flotten Owend hëllefe preparéieren, akafe goen, bei Präisiwwerreechungen d’Wuert ergräifen- dat sinn nëmmen e puer Beispiller, wou de John gäre gehollef huet.
Eng Anekdot: fir Glieser uewen aus dem Regal erauszehuelen war ech um Wee, eng Leeder sichen ze goen. „Wat méchs du do?“ freet hie mech. Ech erkläre mäi Problem, koum awer net ganz bis zum Schluss: ,,Hal op! Du häss mech ruffe sollen!“, a mat sengen 2 Meter hat hie kee Problem fir mech ze depanéieren.

Ee besonnescht Talent vum John dierf awer och net onerwähnt bleiwen: de John war leidenschaftlechen Hobbykach. „Ech maachen nëmmen eppes ganz Einfaches“ huet hie méi wéi ee Mol gesot. Tatsaach ass, dass dat „ganz einfacht“ ëmmer immens gutt geschmaacht huet.
An aus sécherer Quell weess ech: säin Talent als Kach huet de John net nëmmen am YCL bewisen.
De John ass elo net méi ënnert eis.
Eis Gedanke si voll beim Christiane, beim Anne, beim Pit, beim Michèle a bei senger ganzer Famill, déi hien elo ganz schmäerzlech vermëssen.
John, du wäerts eis all feelen!
A well mir jo e Seegelclub sinn, zum Schluss:
<<Je suis debout au bord de la plage.
Un voilier passe dans la brise du matin et part vers l’océan porter sa charge humaine.
Sa disparition totale de ma vue est en moi, pas en lui.
Il est la beauté, il est la vie.
Je le regarde jusqu’à ce qu’il disparaisse à l’horizon.
Quelqu’un à côté de moi dit :<< Il est parti. ».
Parti vers où ? Parti de mon regard, c’est tout.
Son mât est toujours aussi haut, sa coque a toujours la force de porter sa charge humaine.
Sa disparition totale de ma vue est en moi, pas en lui.
Et juste au moment où quelqu’un auprès de moi dit : << Il est parti ! »,
il y en a d’autres qui, le voyant pointer à l’horizon et venir vers eux s’exclament avec joie : « Le voilà ! »
C’est ça la mort. »
William Blake

Gudde Wand, John !
Marco & Guy