An Zesummenaarbecht mam SNJ, konnt eise Seegelstage zu Bruinisse, vum 21 bis 25 Mee, no zwee Joer Paus, erëm ee klengen Erfolleg feieren. Mat insgesamt 18 Participanten, dobäi  eise jéngste vun 9 Joer, hate mir wärend 4 Deeg um Waasser vill Freed. Vu wéineg bis staarkem Wand, Sonn a Reen war alles dobäi. De Site vun Aquavitesse beim Grevelinger Mier huet eis vill Erfarungen um Waasser erméiglecht, an eis als Grupp zesumme wuesse gelooss.

Aquavitesse huet eis hier RS Flott zur Verfügung gestallt, a mir konnte solo oder am Equipage, mat oder ouni Genaker, am oder iwwert dem Waasser, mat an ouni Safran, am Trapez an am Rappell duerch mol méi oder manner héische Welle seegelen.

D’Kyra an d’Jeanne soen der ganzer Equipe Merci, fir déi flott Zäit an Holland, a hoffen iech geschwënn all nees erëm ze gesinn

Add Your Comment