Op Christi Himmelfaart war den Optakt vun der Seegelsaison vun den Optis. 16 jonk Seegler konnten et net ofwaarde fir op d’Waasser. E puer vun hinnen hunn hir éischt Experienz um Opti gemaach a si hu sech super geschloën. Mir waren awer och frou bekannte Gesiichter zréck ze gesinn. Och wann heiansdo ee vun hinnen onfräiwëlleg an dat erfrëschend Waasser gong, goufen se dee ganzen Dag mat sonnegem Wieder belount.

Fir deen éischte Cours hate mer dann och direkt mat e puer Startschwieregkeeten ze kämpfen. Schlussendlech war et awer een erfollegräichen Dag. Di Jonk, déi lo Loscht op méi krut hunn, kënnen sech nach gär fir den Opti-Schäin am Juni aschréiwen. Et sinn nach e puer Plaze fräi. D’Aschreiwung an Infos fant dir hei ënnendrënner.

Ee grousse Merci nach fir de Pierre Ney an d’Base Nautique Lultzhausen, den Nick Goerens (CNL) a fir jiddereen, dee fräiwëlleg eng Hand mat ugepaakt huet.

 

On Thursday, we finally kicked off the sailing season for our OPTIMISTs. Sixteen young sailors were eagerly waiting to get on the water. While some of them enjoyed their first experience on the OPTI, we were also delighted to welcome some familiar faces. Although some sailors made unwilling acquaintance with the still chilly water, they were nevertheless rewarded with bright sunshine during the day.

As this was our first event of the season, we encountered some unexpected challenges. However, in the end we had a successful day. For our young sailors who are now keen to improve their skills on the OPTI, we still have a few places available on our OPTI license course in June.

We would like to thank the many helping hands who made this course possible, especially the support of Pierre Ney and Base Nautique Lultzhausen and Nick Goerens (CNL).

 

Register now    OPTI course information

 

Add Your Comment